

Hei kënnt dir mam "AIkrates" schwätzen, eng AI, déi iech beim Léiere vum Philo-Cours soll hëllefen. Stellt him einfach Froen zum Programm, loosst iech spezifesch Notiounen a Begrëffer erklären oder och Theorië resuméieren. Dir kënnt iech ausserdeem méi einfach oder awer och méi detailléiert Erklärunge ginn. Hie versteet Däitsch, Englesch a Franséisch a kann iech och bei der Iwwersetzung vum Cours hëllefen.
Den AIkrates kennt de ganze Philosophie-Programm, dee fir den 1ère Examen ze léieren ass a schafft spezifesch mam Material, dat hei um Site erhältlech ass.
Falls dir e ChatGPT Konto hutt (https://chatgpt.com/) da kënnt dir ganz einfach den AIkrates iwwert dëse Link (https://chatgpt.com/g/g-679e55c049f88191953347b7a40c3044-aikrates) eriwwer kopéieren an iwwert ären perséinleche Konto mat him schwätzen.
Sollt dir allerdéngs kee ChatGPT Konto hunn, da kënnt dir och hei ënnen riets op säin Bild clicken an direkt mat him schwätzen. Sidd iech allerdéngs bewosst, dass ech dee Service matt eegene finanzielle Mëttel zur Verfügung stellen. Beschränkt dofir är Diskussioune mam AIkrates w.e.g. just op de Philo-Cours.
Opgepasst, den AIkrates ersetzt nët äre Philo-Cours. Hien ass nach an enger Testphase an och eng künstlech Intelligenz ka Feeler maachen! Am Zweifel ëmmer äre Proff froen.